25 Joer Bibliothéik Tony Bourg

De 24. Oktober gouf zu Ëlwen de 25. Anniversaire vun der Bibliothéik Tony Bourg gefeiert

D’Feierlechkeeten hunn am Schuddenhaus stattfonnt, och bekannt als Adameshaus. De Buergermeeschter Edy Mertens huet d’Gäscht begréisst an a senger Ried op d’geschichtlech Bedeitung vum Gebai higewisen.

Als Vertrieder vum Veräin De Cliärrwer Kanton huet den Adrien Wouters den Historique vun der Bibliothéik Tony Bourg virgestallt.

Mat de Riede vum Claude Conter, Direkter vun der Nationalbibliothéik, an dem Kulturminister Eric Thill gouf d’Feierlechkeet och genotzt, fir d’Roll vun de Bibliothéiken an der Gesellschaft ze thematiséieren. D’Reform vum Bibliothéiksgesetz stoung dobäi am Mëttelpunkt vun den Zukunftsperspektiven.

D’Feier gouf mat dem Uschneide vum Gebuertsdagskuch an dem Éierewäin ofgeschloss.