40 Joer-Feier vun eisem Veräin

Iwwer 200 Invitée sinn de 14. November 2019 op Klierf an de Lycée Edward Steichen (LESC) komm, fir mat eis, eise 40. Gebuertsdag ze feieren.

40 Joer DCK, dat si 40 Joer Engagement fir besser Liewensbedingungen am Éislek. 40 Joer Asaz fir méi Dezentraliséierung a méi Infrastrukturen.

1979 ass dëse kulturelle Veräin aus der Nout eraus gebuer ginn. Deemools hat d’Nordspëtzt mat Landflucht ze kämpfen. Verschidde Bierger hunn net resignéiert an de Veräin « De Cliärrwer Kanton » gegrënnt fir d‘Interesse vum Éislek an der Stad ze vertrieden. Den « Nee » zur Resignatioun sollt sech lounen. D’Gemengen hu sech zesummegedoe fir zesummenzeschaffen. Dat huet vill Konkretes bewierkt.

Grouss Theme waren d’Nordstrooss (A7) an de Klierfer Lycée. Aner Sujete waren d’Moderniséierung vun der Nordstreck oder d’Ënnerstëtzung vu kulturelle Projeten.

Den DCK wëll och weider Impulser ginn. Zu den Zukunftstheme gehéieren déi wirtschaftlech Diversifizéierung, de gesellschaftlechen Zesummenhalt, Mobilitéits- a Logementsfroen souwéi de Schutz vun eiser Kulturlandschaft.