Bei der Dréckerei EXE op Besuch

Virun e puer Deeg war eng Delegatioun vun eisem Veräin op Besuch bei engem laangjärege Partner, der Dréckerei EXE zu Ëlwen. Et war scho ganz impressionnant sou en héichtechnologesche Betrib presentéiert ze kréien. Eis Zäitschrëft ass jo e gutt Beispill vun der immenser Kompetenz, déi d’Firma EXE am Printberäich huet.