Vidéos

Dronefoto vun Ëlwen mat Vue op den Zentrum

D’Fréijoerseditioun 2026 vum Cliärrwer Kanton

De Cliärrwer Kanton op Youtube (24) An dëser Editioun stelle mir d’Zäitschrëft De Cliärrwer Kanton 2026/1 vir.

Donieft héiert dir en Interview mam Romain Kremer vum Klenge Maarnecher Festival, déi hiere 40. Jubiläum feieren, a mam Edy Mertens, deen iwwer seng 15 Joer als Buergermeeschter vun der Gemeng Ëlwen schwätzt.

Regarder la vidéo

Neie Video: Mir stellen eis vir

De Cliärrwer Kanton op Youtube (23) Mir, d’Vereenegung „De Cliärrwer Kanton“ stellen eis vir: Wie si mir, wat maache mir, a wéi droe mir zënter 1979 zur kultureller a regionaler Entwécklung vum Éislek bäi? An dësem Video entdeckt dir eis Zäitschrëft, eis Missioun an eis Aarbecht fir d’Nordspëtzt vu Lëtzebuerg.

Regarder la vidéo

D’Wantereditioun 2025-2026 vum Cliärrwer Kanton

De Cliärrwer Kanton op Youtube (22) Presentatioun vun der Zäitschrëft De Cliärrwer Kanton 2025/3 an Interview mam Jos Müller, Geschichtsfuerscher an Entdecker vum réimesche Goldschatz um Schinker. Mir schwätzen iwwer dës aussergewéinlech Entdeckung, d’Steenzäit am Éisleck an d’Bicher, déi de Jos Müller iwwer d’Geschicht vun eiser Regioun publizéiert huet.

Regarder la vidéo