Das Mädchen ohne Stimme

« Das Mädchen ohne Stimme » ass e Buch, geschriwwe vum Blanche Kails a mat ville schéine Biller vun hirer Duechter Edith illustréiert.

De 17. Mee huet si dës Geschicht iwwert dat klengt Yossiya, wat seng Stëmm verluer hat, viru vollem Sall, an der Bibliothéik Tony Bourg zu Ëlwen presentéiert. Mat Spiller a Gesank huet Blanche Kails et fäerdeg bruecht dat Grouss a Kleng matgemaach hunn, a jidderee war begeeschtert.

D’Buch « Das Mädchen ohne Stimme » kritt een an der Bibliothéik Tony Bourg ze léinen.