Dimanches du Chant Grégorien 2025
D’Dimanches du Chant Grégorien waren och dëst Joer e groussen Erfolleg. Déi dräi Concerte goufen exzellent besicht.
Eise Veräin war duerch de President André Bauler vertrueden, deen, nieft der Direktesch vum Cube521, Christine Keipes, an dem Clierfer Buergermeeschter, Georges Keipes, vum Père-Abbé begréisst gouf.
Eis Associatioun huet laang Joren d’Journées du Chant Grégorien matgehollef organiséieren. Aus finanziellen an organisatoresche Grënn huet de Cube521 dës Aufgab zanter enger Rei Joeren missen iwwerhuelen.
“De Cliärrwer Kanton” ënnerhält weider gutt Relatiounen zur Abtei an ass frou, datt dës laangjäreg Traditioun, dank dem Cube521 weidergefouert konnt ginn.
