D’Steierbüroen am Norden mussen erhale bleiwen a personell opgestockt ginn!

D’Vereenegung „De Cliärrwer Kanton“ ass erféiert, datt et an Zukunft kee Steierbüro méi an de Gemenge Clierf a Wooltz soll ginn.

Wann zu Housen en neie Steierbüro soll opgoen, ass et jiddefalls erfuerdert, datt d’Zuel vun de Beamten an dësem neie Büro verstäerkt gëtt.

Datt Wooltz säi Büro soll verléieren, ass net ze verstoen, well grad am Weeltzer Kanton d’Zuel vun den Awunner an dësem an am nächste Joerzéngt zolidd wäert klammen. Doriwwer eraus wäert kee Bierger vun Harel op Housen fueren, wann hien een Dossier mat engem Steierbeamten ze beschwätzen huet.

Och wäerten sech net all Dossiere reng digital behandele loossen, well et eben ëmmer nees Fäll ginn, wou ee perséinlechen Austausch mat de kompetente Beamten noutwendeg ass. D’Digitaliséierung wäert also net all Probleem léise kënnen.

„De Cliärrwer Kanton“ verlaangt dofir e moderne Büro zu Wooltz ze schafen – an zäitgeméisse Raimlechkeeten.

Doriwwer eraus soll de Büro vum Clierfer Kanton personell gestäerkt ginn. Weder e Coworking zu Clierf, nach eenzel Berodungsstelle kënnen e klassesche Steierbüro ersetzen.

Op kee Fall däerfen Aarbechtsplazen am Éislek ofgebaut ginn.

Generell reklaméiert „De Cliärrwer Kanton“ eng méi staark administrativ Dezentraliséierung a verlaangt, datt d’Éisleker Kantonen ënner anerem méi Steierbeamten zougesprach kréien, fir de Bierger mat Rot an Dot zur Säit ze stoen.

 

Ëlwen, de 4. Mee 2025

www.dck.lu


Pressereaktiounen

RTL https://www.rtl.lu/news/national/a/2299560.html
RTL https://play.rtl.lu/shows/lb/journal-radio/episodes/r/2457957
100komma7 https://www.100komma7.lu/show/Panorama/202505041200/episode/Mettespanorama?pd=radio
Tageblatt https://www.tageblatt.lu/headlines/verlagerung-nach-ettelbrueck-und-hosingen-steuerbueros-clerf-und-wiltz-schliessen-ihre-tueren/