En Artikel aus der Warte (Luxemburger Wort) vum 26/1/2017

Den Zauber vum Lëtzebuerger Norden

„Romantescht an historescht Éislek“

E ganz perséinlechen Hommage un eng eemoleg Landschaft

vum Jeff Baden

 

Op senge bescheidenen 2586 Quadratkilometer Gesamtfläch zeechent sech d’Lëtzebuerger Land aus duerch eng staark variéiert Geomorphologie an déi deelweis ganz verschidde Landschafte ginn dobäi harmonisch aneneen iwwer. All Regioun huet hiren typesche Charakter, mee d’Éislek huet schonn eleng duerch seng geologesch-geographesch Spezifizitéit um süd-westleche Rand vum „Rheinischen Schiefergebirge“ (d’Guttland läit nach am Paräiser Becken) an Topographie mat deene wäiten Héichplateauen an déiwen Däller, deem méi raue Klima e ganz eenzegaartege Charme, deen den André Bauler a sengem Buch „Romantescht an historescht Éislek“ mat senger Kamera op eng ästhetesch-philosophesch Manéier agefaangen huet.

Dem Economiesprofesser an Deputéierten André Bauler, deen 1964 zu Ettelbréck gebuer an zu Méchela an Dikrech opgewuess ass, geet et bei senger kënschtlerescher Aarbecht ganz offensichtlech an éischter Linn dorëms, de Charakter, d’Séil, de „genius loci“ vun där Landschaft,  anzefänken, wou hien opgewuess ass a lieft, mat där hie sech déif verbonne fillt a fir déi hie sech och op ville Pläng asetzt.

D’Buch ass op senge ronn 200 Säiten thematesch a véier Kapitelen agedeelt, woubäi de Fokus vun der Kamera fléissend wiesselt tëscht faszinéierenden Natur-Landschaften, historesch-wäertvoller Architektur, historesche Monumenter, sakrale Bauten vu ganz ënnerschiddlechen Epochen, magesche Bëscher a romantesch-verkläerte Biller vu Waasserlandschaften, wéi ee se soss néierens wéi hei an de Lëtzebuerger Ardenne fënnt.

Beim Duerchbliedere vun deem wonnerschéin opgemaachte Buch spiert een op all Säit, datt hei ee mat Léift u säi Sujet erugeet, et ass effektiv net en „énième album photographique“ wéi de Frank Wilhelm a sengem Begleet-Text (S. 73) schreift, mee e visuell-ästheteschen an tendenziell liicht melancholesch-mytheschen, bukolesch-idylleschen Hommage un d’Natur, d’Landschaft, d’Kultur an déi historesch Architektur vum Éislek am Sënn vum Schutz an dem Erhale vun dësem ganz eemolegen nationale Patrimoine.

Den André Bauler erschaaft eng fotografesch-kontemplativ Dramwelt, déi awer net een Ament sentimental oder kitscheg wierkt, mee seng Biller presentéieren eng duerchaus reel, lieweg an (nach) intakt natierlech a kulturell Géigewelt zum landschaftlechen an architektonesche Raubbau, deen e soss iwwer Land leider op ville Plaze an engem erschreckende Mooss feststelle muss…

 

 

André BAULER: Romantescht an historesch Éislek – Landschaften a Baukultur an de Lëtzebuerger Ardennen (mat Texter vu Frank Wilhelm, Germaine Goetzinger, Annick Goerens a Carine Weicherding), „De Cliärrwer Kanton“ a. s. b. l., Clervaux (www.dck.lu), 2016