Groussen Interesse fir d’Table ronde iwwer de Klierfer Lycée

De Klierfer Lycée stoung den 21. September 2017 am Mëttelpunkt vun enger Diskussiounsronn déi vun der Associatioun De Cliärrwer Kanton (www.dck.lu) a vum Lycée Edward Steichen (www.lesc.lu) am Cube 521 zu Marnech organiséiert gouf.

Den Deputéierten a President vum « De Cliärrwer Kanton » André Bauler huet eng Aféierung gemaach an ass op déi laang Entstehungsgeschicht vun dëser Schoul agaangen.

Ët si Fotoe gewise ginn, déi d’Alice Enders zënter 2015 um Site um Terrain vun der fréierer CTI gemaach huet. Dono gouf ee Film vum Yves Thill presentéiert.

D’Diskussiounsronn mat der Equipe vum Lycée a mam Schoulminister huet et erlaabt den intresséierte Leit wichteg Informatioune mat op de Wee ze ginn. D’Leit aus dem Cliärrwer Kanton konnten herno eng Rëtsch vu Froe stellen an den Austausch war ganz konstruktiv.

D’Schlusswuert huet den Député-maire vu Klierf, den Emile Eicher, geschwat. Hien ass och op de wirtschaftleche Kontext agaangen, an deen sech den LESC schreift an huet d’Leit dono op e Patt invitéiert.

Dem Cube 521 an der Gemeng Klierf en häerzleche Merci fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung.