Buchvirstellung: Erinnerungen aus schwerer Zeit

D’Chorale St. Cécile Knapphouschent an d’Associatioun De Cliärrwer Kanton (DCK)
invitéieren Iech op d’Virstellung vum Buch

ERINNERUNGEN AUS SCHWERER ZEIT

Ein Priester in den Fängen der NS-Justiz


Den Auteur Jean-Louis Scheffen
liest aus de Notize vum Pater Ferdinand Hertges.


D’Buchvirstellung ass

Freides, den 20. November 2026 um 19:00 Auer
an der Kierch zu Knapphouschent.

Den Entrée ass gratis.

Pater Ferdinand Hertges (1897-1977), gebierteg vu Knapphouschent, war Member vun der Gemeinschaft vun den Herz-Jesu-Priister an Ökonom vun der Missiounsschoul zu Clairefontaine. Am August 1943 geréit hien an der Belsch an d’Mille vun der NS-Justiz.

Seng Odyssee duerch d’Prisonge vun Arel, Bréissel, Beverloo, Oochen an Hagen huet hien an aacht Hefter als „Erinnerungen“ festgehalen. Dës Opzeechnunge ware laang vergiess, maachen awer och haut nach déi schwéier Zäit vun deemools op eng impressionant Aart a Weis erliefbar.