Konferenz vum 15. Abrëll 2026

Ganz gutt besicht war d’Konferenz „De Pater Bernard‑Jacques Thiel, säi Liewen, säi Wierk“, gehale vum Professer Jean‑Claude Muller am Centre Culturel zu Léiler.

An senger Ried ass de Professer Muller virun allem op d’Zäit vum Zweete Weltkrich agaangen: op déi Period, wou de Pater Thiel iwwer zwee Joer am Paschtoueschhaus zu Léiler verstoppt war, an op déi Zäit, wou hien heemlech als Paschtouer zu Singles am Massif Central gewierkt huet.

D’Konferenz gouf organiséiert vun den Associatiounen De Cliärrwer Kanton (DCK) a Cercle d’Études sur la Bataille des Ardennes (CEBA).