Konferenz vum 18. Juni 2026
D’Konferenz vum Professer Jean‑Claude Muller an der Bibliothéik Tony Bourg huet vill Interesséierter ugezunn an e wichtege Bäitrag zur regionaler Erënnerungskultur geleescht.
Am Mëttelpunkt stoungen zwee markant Liewensschicksaler aus dem Zweete Weltkrich: dat vum Professer Tony Bourg séngen Zwangsversetzungen, an dat vun der Resistenzlerin Emilie Schmitz, déi zu Ëlwen Refraktären a Pilote verstoppt huet, verrode gouf, an am Mäerz 1945 vun der SS erschoss gouf.
Als Vertrieder vun der Gemeng Ëlwen huet de Mario Glod an engem ofschléissende Wuert betount, wéi wichteg et ass, dës Geschichten ze dokumentéieren an ze vermëttelen, fir datt d’Leed an d’Erfarunge vun deemools net a Vergiessenheet geroden.
De Cliärrwer Kanton 2025-1 Vor 80 Jahren – das tragische Schicksal der Resistenzlerin Emilie Schmitz aus UlflingenJean-Claude Muller
