Konferenz vum 22. Mee 2023

Ganz gutt besicht war d’Konferenz « D’Revolutioun vun 1848, de Kinnik-Groussherzog Wëllem II. an d’Ufäng vun eiser parlamentarescher Demokratie. » vum André Bauler an dem Johny Stephany.

De Johny Stephany ass a sengem Exposé op d’Schrëfte vum Paschtouer Joseph Kalbersch agaangen, dee vu Beeler am Kanton Clierf hir staamt, zu Ierpeldeng-Sauer am Schlass gewunnt huet an en Zäitzeie vun den Onrouen zu Ettelbréck am Joer 1848 war.

Organiséiert war dës Konferenz vum Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Parc Housen mat hirer Geschichts- an Archivkommissioun a vum « De Cliärrwer Kanton ».