Pressecommuniqué
De Comité vun der Vereenegung ass frou driwwer, datt de Projet vun der Modernisatioun an der Securisatioun vun der Nationalstrooss N7 tëscht dem Fridhaff an der Wämperhaard geschwënn an Ugrëff geholl soll ginn. Dëse Projet war mat ganz breeder Majoritéit (52 vu 60 Stëmmen) am Juli 2021 an der Chamber gestëmmt ginn.
An deem Zesummenhang
- begréisst d’Vereenegung, datt d’Traversée duerch Housen, déi an engem schlechten Zoustand war, rezent en neien Tapis kritt huet;
- ass si zefridden, datt de schwierege Chantier vum Housener Contournement gutt virugeet;
- ënnerstëtzt si d’Regierung, a besonnesch de Mobilitéitsministère, fir de Projet vun der Verbreederung an der Securisatioun vun der N7, sou wéi en am Parlament gestëmmt gouf, sou séier wéi méiglech unzefänken a Schrëtt fir Schrëtt ëmzesetzen;
- freet si sech driwwer, datt d‘Terrainen, déi tëscht der Lëpschter-Delt an der Houschter-Déckt noutwendeg sinn, fir d’Strooss méi breet ze maachen, vum Staat all opkaaft gi sinn an datt d’Aarbechten um éischte Lous 2025 ufänke sollen;
- fuerdert si d’Regierung op, fir d’Planung vum Bau vum Hengeschter Contournement weiderzedreiwen an ofzeschléissen;
- bleift si der Iwwerzeegung, datt d’Contournemente vun der Houschter-Déckt a vun Ëlwen eng Noutwendegkeet sinn, soubal déi prioritär Infrastrukturaarbechten op der N7 duerchgefouert gi sinn;
- ass si der fester Opfaassung, datt de Projet, sou wéi e vum Parlament 2021 mat ganz grousser Majoritéit ugeholl gouf a wéi e geplangt war, duerchgefouert soll ginn, fir datt keng onnëtz Zäit verluer geet;
- huet si kee Probleem domat, fir, do wou méiglech oder néideg, eenzel raisonabel Upassunge virzehuelen, déi punktuell Verbesserungen a punkto Sécherheet a Verkéiersfloss erméigleche kënnen.
Ëlwen, de 27. August 2024