André Bauler

Éisleker Leit an hir Beruffer

Mat dëser Spezialnummer wëlle mer iech virun allem Beruff er a Beruff sbiller virstellen, déi een haut am Éislek begéint. D’Lëtzebuerger Ardenne sinn eff ektiv eng ganz ofwiesslungsräich Géigend, an där een net nëmme verschidde Landschaften, pittoresk Duerfecken an ënnerschiddlech gesellschaftlech Acteure fënnt, mä ouni Weideres och eng breet Pallette vu Beruff er oder Beruff sprofiller entdecken däerf.

Dat geet ganz traditionell vum Handwierker iwwer de Bauer bis hin zur Léierin an zur Doktesch. Et gëtt awer och manner klassesch Beruff er wéi zum Beispill dee vum Glasbléiser, vum professionelle Moler oder Museker, dee vum Uergelbauer, vun der Restauratrice vun alen Tableauen oder vum Archeolog, deen sech fir eis verstoppte Geschicht am Buedem intresséiert a si nees zum Virschäi bréngt, mä awer och versicht, fir eis Traditiounen an der Riicht ze halen. All Beruff ass wichteg. All Aarbecht am Déngscht vun der Gesellschaft muss respektéiert ginn.

De Wuelstand vun enger Géigend fousst nun eemol, och a grad, op der Leeschtung vun de schaff ende Leit, déi all Dag opstinn an dofir suergen, datt Wueren an Déngschtleeschtungen entstinn. Wat wier eis Géigend ouni d’Verkeeferinnen an de Geschäfter, déi all Dag um Dill sinn, fir eis Iesswueren a Gedrénks unzebidden, ouni den Aarbechter um Bau, dee Wunnenge verwierklechen oder renovéieren hëlleft, ouni de Bauer, deen seng Wisen a Felder bewirtschaft, fir datt spéider eppes op den Dësch komme kann? Wat wier d’Éislek ouni seng medezinesch Zentren an ouni seng „al“ Hausdokteren, déi nach bei Wand a Wieder bei krank Leit erausfueren, awer leider um „ausstierwe“ sinn?

An zu gudder Lescht: Wat wier eis Regioun ouni Innovatioun an Entrepreneursgeescht an de Betriber, déi mat Hëllef vu modernsten Technologien, besonnesch am Handwierk an an der Industrie, duerfir suergen, datt mer op auslännesche Mäert gutt bestoe kënnen?

Et lount sech awer och, fir an dëser Nummer e Réckbléck ze liwweren op dat wat wor, op d’Manéier also, wéi d’Leit fréier geschaff t a sech geplot hunn. Al Handwierkskonscht gëtt et nach, ma si verschwënnt dacks mat deenen, déi se beherrschen a keen Nofollger fannen. D’Beruff sliewen ass stänneg am Wandel a wee bestoen an iwwerliewe wëll, dee muss sech permanent upassen. Well wéi seet schonn een aalt Spréchwuert: „Ween net virugeet, dee geet zréck!“

An dëser Nummer ginn eis Auteuren iech also een Abléck an dat beruff lecht Liewe vu fréier a vun haut. Si weise Welten, déi engem vläicht net ëmmer sou an d’An stiechen, déi awer all Dag funktionéiere mussen, fir datt et eis gutt geet.

Loosst iech also duerch dëst Dokument féieren, fir iech en Androck ze verschafe vun deem, wat a Saache Beruff er a Beruff sprofiller ze fannen ass, vun deem wat op deem Plang fréier war a vun deem, wat nach alles sou kënnt oder komme kann.