Léon Braconnier

Anruf aus dem Alzettetal

Mittwoch 6. März 1996. In Anwesenheit von Frau Minister Marie-Josée Jacobs, Herrn Staatssekretär Georges Wohlfahrt, und den Norddeputierten Agny Durdu, Emile Calmes,Claude Halsdorf, Edouard Juncker, Nico Loes, Jemp Koepp und Lucien Weiler (Camille Weiler entschuldigt) unterschreiben die Bürgermeisterdes Kantons Clerf einen gemeinsamen Text für die Extra-Nummer des « Cliärrwer Kanton » zum Thema Nordstraße. Auch die Luxemburger Presse ist vertreten, berichtet vom Ereignis in Bild, Schrift und Ton.

Donnerstag

7.März 1996.

14.00 Uhr.

Das Telefon klingelt.

Herr A. aus dem Alzettetal.

« Hutt Dir um Radio geschwat? »

« Jo, sie hun e puer Extraitsen aus menger Ried bruecht. »

« Ma ech sin déck roen op iech, datt wollt echiech soën, ech hu missen uruffen. »

« Firwat sitt Dir da rosen? »

« Ma ech hun et jo héieren. Dat hutt Dir um Radiogesot! Dir sitt géint d’Fräschen an géintWeiheren. »

« Neen, ech hu gesot, d’Fräschen hätten heiandsdobesser Schützer wéi d’Menschen. »

« Ma d’Fräsche kënne sech jo nëtt wieren!A mir brauchen alleguer d’Böscher. Dir wëllt d’Böscher kapottmaachen. Hei, ech hun e Frënd, deen huet d’Juechtzu D. an do as nëmmen méi ee Bösch. A wann hiensonndes moïes op d’Juecht goe wëllt, da sin 1500 Leitam Bösch. »

« Oh mei e wäert secher nëtt op d’Leit schéissen! »

« Ma neen, et ass fir ze soën, wéi noutwendegd’Böscher fir d’Leit sin. »

« Wann d’Nordstrooss fäerdeg ass, kënnen d’Leitaus de Stied jo méi einfach an dé schéinEslécer Natur kommen. »

« Dir hutt gutt schwätzen. Dir hutt d’Natur an eiswëllt Dir d’Böscher ewechhuelen. »

« Mir deet et och leed fir all Baam, deen muss emgehangin, mee de Gréngewald bleiwt erhalen, Dir wärt gesin. »

« Ganz vill Leit sin rosen mat iech! »

« Dir hut keng Ahnung, wéivill Leit de « CliärrwerKanton » félicitéieren an encouragéieren. »

« Eent soën ech Iech, Dir musst nëtt mengen,dass ech hereet sin, och nëmmen ee Frang vu menge Steieresuenan d’Nordstrooss ze investéieren. »

« Elo gëtt et awer Zäit! »

« Kee Frang gin ech fir d’Nordstrooss! »

« A wien huet dann d’Rocaden, d’Contournementsen, Collectricen an d’ Autobunnen bezuelt? »

« Kee Frang gin ech! Dir kënnt jo kucken, privatInvestisseuren ze fannen, fir Är Strooss ze finanzéieren.Da kënnt Dir jo e Péage maachen wéi a Frankräichan an Italien. »

« Dir hutt jo komesch Usiichten. Fiirt déi nationalSolidaritéit da nëmmen an eng Richtung? »

« Ma da schreiwt dem Goebbels, e soll e Referendum organiséierenwéi an der Schwäiz. Wann der 60% kritt as keng Diskussioun. »

« Gin dann 51 % nëtt duer? »

« Schreiwt dem Goebbels. »

« Ech mengen, mir gin nëtt eens. »

« Abee, ech soen Iech merci, dass Dir mir awer nogelauschterthutt. »

« Ech soen Iech och fir Ären Uruff merci. »