André Bauler

D’Erënnerung lieweg halen …

Lieux de mémoire – Orte des Gedenkens – Plaze vun der Erënnerung

Et gëtt Momenter an eiser Geschicht, mä awer och an eisem perséinleche Liewen, déi markéieren een, déi bleiwen an engem senger eegener Erënnerung oder souguer an där vun der ganzer Natioun hänken. Et gëtt etlech dëser Plazen am Eislek – an och soss am Land – déi erënneren deen, deen do passéiert, u sou Momenter. Et sinn net nëmmen déi sëlleche Monumenter, déi un den zweete Weltkrich erënneren, ma och vill individuell Kräizer, Placken, Steng oder Skulpturen, déi eis un ee bestëmmte Personnage, en historescht Ereegnes oder eng mënschlech Tragedie, wéi zum Beispill en Autosakzident oder e Blëtzschlag, denke loossen.

Net fir näischt heeschen an Däitschland d’Monumenter «Denkmäler». «Denkmal», denk mol! Denk un déi, déi hei hiert Liewe gelooss hunn! Denk un e Schrëftsteller, dee vun eiser Landschaft a hire Leit inspiréiert, jo souguer impressionéiert gouf! Denk och u Schicksalsstonnen aus eiser Geschicht, u längst vergaangen Zäiten, un d’Traditiounen an un d’Kultur vun eise Virfaren. De Bënzelter Baueremusée verbildlecht eis dat an deenen, déi no eis kommen, op pertinent Manéier.

Hal d’Erënnerung wakreg! Dat ass de Sënn vun deene Plaze wou un een oder eppes geduecht gëtt. Vergiess net! Verdräng net! Sief a bleif Dir bewosst, wat geschitt ass! Géi an Dech, gëff ee Moment stëll an Dir selwer! Looss lass vun Dengen Alldaagsgedanken, bleif ee Moment hei stoen a looss der duerch de Kapp goe, wat deemools geschitt ass oder ween hei op dëser Plaz gewierkt huet!

Mir liewen an enger Welt, déi därmoossen hektesch an iwwerflächlech ginn ass. Mir spieren, datt villes verflitt, datt näischt fir éiweg ass, datt Mënschen an Ereegnesser riskéiere vergiess ze ginn, ausser mir suergen dofir, datt dat, wat geschitt ass, sech an eist Gediechtnes abrennt an et un déi kommend Generatioune weidergereecht gëtt.

A well de Mënsch drop hält, datt eppes an der Erënnerung wakreg bleift, dofir entsti Plaze vun der Erënnerung, «lieux de mémoire» oder «lieux du souvenir».

De Comité vum Cliärrwer Kanton wollt iech dës Plazen eemol virun A féieren. Eist Eislek ass räich u Gedenkplazen. Vill vun hinne si gutt ënnerhal. Un aneren ass d’Zäit net einfach sou laanscht gaang. Si gesinn eppes matgeholl aus, si méi oder manner abiméiert. Vläicht hu si dowéinst en onvergläichleche Charme, jo souguer eppes Romantesches, eppes wat eis dreemen, denken an nodenken deet.