André Bauler

Eis Éisleker Kulturlandschaft beliewen an erhalen !

I.

2016 geet sou lues op en Enn. Ween hätt gemengt, datt et sou séier eriwwer géif goen? D’Jore fléie wéi e Feil, huet schonn de Friedrich Schiller gemengt.

Fir de Veräin « De Cliärwwer Kanton » waren déi lescht zwielef Méint op jidder Fall eng ganz intensiv Zäit, well mer eis nom Iwwergangsjoer 2015 nei opgestallt hunn an et eis och gelongen ass, mat neie Partner an d’Zukunft eranzewierken.

Mir hunn net nëmmen nei Statute kritt, déi vum Dikricher Tribunal, sou wéi d’Gesetz et verlaangt, aus prozeduraler Siicht gepréift goufen. Et ass eis och gelongen, fir zesumme mam « Klenge Maarnicher Festival » a mat « Islek ouni Grenzen » eng nei Vereenegung ze grënnen, déi vum Kulturministère konventionéiert gëtt. « Éislek plus », sou heescht deen neie Veräin ouni Gewënnzweck, deen eis méi finanziell Ressourcë brénge soll an deen d’Zesummeschaffen tëscht den dräi Veräiner institutionaliséiert. An Zäiten, wou de Benevolat ëmmer manner Adeptë fënnt, ass dëst aus eiser Perspektiv eng sënnvoll Initiativ, déi eis méi staark maache soll. Sou plange mer ënner anerem mam Maarnicher Festival d’Journées du chant grégorien nees opliewen ze loossen. Fir 2017 sinn zwee Concerte geplangt. Schued, datt d’Abtei net mat op de Wee goung, fir am Fréijoer, amplaz am Oktober, mat eis zesummen dës Concerten z’organiséieren. Et wier sécherlech och gutt gewiescht, ee Gregorianik-Event bei de Patere virzegesinn. Ma wie weess, vläicht fanne mer awer nach zesummen. Ech wëll awer op dëser Plaz dem « Klenge Maarnicher Festival » mat hirer onermiddlecher an zouverlässeger Cheville ouvrière Romain Kremer Merci soen, datt si d’Promotioun vum gregorianesche Gesank an de Grapp geholl hunn a méi no bei d’Leit an d’Pore ginn, och a grad fir spéider do Stagen unzebidden.

II.

2016 huet eis op archeologeschem Plang iwwerrascht. Eise Lëtzebuerger Buedem ass jo bekanntlech räich un anticke Schätz. Si sinn Zeien aus enger Zäit, déi wäit vun eis ewech läit. Zeien aus der fréier Neizäit, aus dem Mëttelalter a virun allem aus der Period vun de Franken, de Merowinger, de Réimer a souguer, fir nach méi déif an d’Geschicht erofzegoen, de Kelten.

Nach viru kuerzem goufen zu Housen iwwer eng Dose Griewer aus der Réimerzäit entdeckt, dëst op enger Plaz, wou keen et eigentlech direkt geduecht hat.

Iwwerraschunge mat Schätz aus der Antiquitéit sinn deemno ëmmer nees méiglech, denke mer un d’Villae vun Iechternach, Bartreng, Dikrich oder Viichten, mat hire bekannte Mosaiken, oder un de réimeschen a spéider fränkesche Site zu Kierchen, Basbellain, an der Gemeng Ëlwen, wou op réimesche Fëllementer e merovingesche Stützpunkt am 6. Joerhonnert entstane war, op deem sech de Kinnek Childebert II. mat senger Mamm Brunichild Ufank Oktober 585 no Christus soll opgehalen hunn an do zu Geriicht souz, wéi aus der memorabeler Chronik vum Gregor vun Tours ervirgeet. De Site ronderëm de Kierchener Kierfecht an d’Kierch aus dem 19. Joerhonnert berouen op dëse Fëllementer aus fréichrëschtlecher a merovingescher Zäit.

D’Villa zu Schieren ass elo a rezenter Zäit d’Resultat vun enger vun de bedeitenden Ausgruewungen hei am Land, sinn dach zu Schieren souwuel d’Villa u sech, déi sou gen. pars urbana, wéi och déi landwirtschaftlech Partie, d’pars rustica, erhalen. Och ass d’Schierener Villa besser erhal wéi déi vun Iechternach. Eleng um Territoire vun der Géigend ronderëm Dikrich wieren nach eppes méi wéi honnert archeologesch Sitte vum staatlechen Archeologiezentrum identifizéiert ginn.

Eng rezent Kaart, déi kierzlech an der Press publizéiert gouf, weist eis, datt et honnerte sou Plazen am Éislek gëtt a sou wéi et ausgesäit, ass déi eng oder aner nei Entdeckung net auszeschléissen. Kierchen a Beesslek leien un der aler Réimerstrooss vu Köln op Reims. Dikrich an Iechternach leien un der Strooss, déi dat réimescht Tréier mat Tongeren (« Tongres ») am Südoste vu Flanderen, net wäit vun der hollännescher Grenz, verbonnen huet.

Mir däerfen houfreg sinn op eis réimesch Vergaangenheet, déi mat Mënzen, Mosaiken, Glieser, Dëppen a Kréi aus Toun, Fresken a villen anere Géigestänn wäertvoll Zeien iwwer d’Liewen an enger Zäit liwwert, déi fir déi meescht vun eis net méi sou gutt virstellbar ass. An dach wuerzelt an dëser Zäit eis westlech Kultur. Mat dësen Objete kéiere mir ad fontes zréck, zu de Quelle vun eiser Geschichtsschreiwung an domat zu den Urspréng vun eiser Zivilisatioun. Datt d’Éislek sou eng räich Vergaangenheet huet, sollt eis mat enger gesonder Portioun Houfert a Freed erfëllen. Dat haitegt Lëtzebuerg war schonn an der Antiquitéit dicht besidelt an eng Kräizung um Wee a quasi all europäesch Zentren, déi an där Zäit eng Roll gespillt hunn. Mäi Respekt gëllt all deene Fuerscher, déi sech mat dësen Ausgruewunge befaassen an eis sou méi iwwer eis Virfahren an hiert Ëmfeld wësse loossen.

III.

De 17. Abrëll huet eis déi traureg Noriicht vum Doud vum éischten Direkter vum « Lycée du Nord » erreecht, dem Här Fernand Schmitz (1938-2016). Mir hunn den Éierendeputéierte Fernand Haupert, e laangjärege Frënd a Beruffskolleg vum Schmitze Fern, gebieden, fir un dës dach aussergewéinlech Perséinlechkeet aus der Éisleker Schoullandschaft z’erënneren. Ech hunn de Fernand Enn den 80er Jore perséinlech kennegeléiert, als Stagiär am Dikricher Kolléisch. 1990 war hie President vu menger Examenskommissioun an am Oktober 1992 huet hie mech op Wolz bei sech an de Lycée geholl, fir do op der alleréischter Première B/C z’enseignéieren.

De Veräin « De Cliärrwer Kanton » wëll bewosst nach eemol un de Fernand Schmitz erënneren, well hien déi zentral Persoun war, déi mat vill Ausdauer, Konsequenz a Mutt dofir gesuergt huet, datt déi schoulesch Offer am Éislek sou diversifizéiert wéi nëmme méiglech soll sinn. Dofir huet de Fernand e laangen Otem missen hunn an dacks an d’Stad bei d’Autoritéite misse pilgeren a reegelrecht heesche goen, fir datt de Weelzer Lycée sou breet wéi méiglech opgestallt wier. Dëst huet et erlaabt, datt déi Éisleker Kanner an hirer Regioun Formatiounen ugebuede kruten, fir déi se am anere Fall hätte misse beschwéierlech Weeër op sech huelen. Haut si mer all frou, datt déi schoulesch Landschaft och am Norde vum Land villes ze bidden huet. Et ass dofir richteg, datt och de Klierfer Lycée et mat engem zousätzleche Gesetz erlaabt kritt an Zukunft déi Ausbildungsweeër z’offréieren, déi de Bedürfnisser vun der Regioun entspriechen. Gutt, datt dat Gesetz nach dëst Joer gestëmmt konnt ginn, well wie weess wat an Zukunft soss nach alles geschéie kéint, hätt een dat net direkt a Beton gegoss.

Dem Direkter an Ekonomist Fernand Schmitz gëllt iwwer den Doud eraus eis héich Unerkennung, fir seng Leeschtung a seng Wäitsiicht. Hie wäert och de Leit aus dem Cliärwwer Kanton nach laang Joren e Begrëff an an Erënnerung bleiwen.

IV.

Am Joer 2016 gouf eis Éisleker Landschaft mat enger Rëtsch vu gigantesche Wandmille « begléckt », déi engem direkt an d’A sprangen, wann een iwwer Land fiert. Nee, et ass kee Mënsch frou driwwer, datt mer eis fir Joerzéngten der Atomenergie ausgeliwwert hunn. Nee, d’Lëtzebuerger si frou, wa Cattenom, Tihange a Co endlech ofgeschalt kënne ginn. Jo, et ass wichteg, datt mer op alternativ Energiequelle setzen, fir eis Ëmwelt ze schounen.

An dach froe sech vill Éisleker Leit, firwat op quasi all Kopp sou eng flappeg Wandmillen huet misse stoe kommen. War dat wierklech néideg, fir eis Landschaft sou ze verspargelen ? Firwat konnte mer dës Millen net an e puer grouss Parke beienee setzen ? Ass et net och derwäert, fir eis Kulturlandschaft ze schounen an am Beräich vu Buergen a Schlässer, vu markante Kierchtierm a prächtege Bëschensemble vun imposante Wandmillen ofzegesinn? Spillen ästhetesch Kritäre keng Roll méi ? Hu mer de Sënn fir d’Schéinheet vun eiser Natur verluer ?

Firwat dëse « Wildwuchs » u Wandmillen ? Dat gouf ech zegmol an de leschte Woche vun opgereegten Éisleker gefrot. Et waren dëst keng Leit, déi géint alternativ Energië sinn, ganz am Géigendeel. Et ware wierklech keng chronesch Kregéiler, déi keng Alternative wéilte sichen a sech der Zukunft verweigeren. Ma si hu sech awer gefrot, firwat eis charakteristesch Landschaft därmoosse verspargelt huet musse ginn. Dat ëmsou méi, wou et an anere Géigende vun Europa an dëser Hisiicht schonn zu engem Ëmdenke komm ass.

De Schutz vun eiser Kulturlandschaft ass och Ëmweltschutz, dat sollt een net vergiessen ! Dat Ganzt ass ëmsou méi gelungen, wou an dëser Fro den Aspekt vun der « Beauté du paysage » keng Roll méi ze spille schéngt, e Kritär, dee soss awer dacks beméit gouf, fir engem Bauer, dee säin Haff aussidele wollt, ze verbidde säi Betrib op enger anerer Plaz um fräie Feld opzeriichten. Bleift ze hoffen, datt net nach méi där Wandmillen hott an har dorëmmer aus dem Buedem schéissen. Da kéinte mer de Kulturtourismus am Éislek awer definitiv vergiessen.

No dëser klenger ënnerlecher Opreegung a perséinlecher Remark erlaben ech mer dësen Éditorial ze schléissen, andeems ech iech all, eisen treien Abonnenten, intresséierte Lieser a fläissegen Auteuren, schéin, frou a besënnlech Feierdeeg am Krees vun hire Léifste wënschen a fir dat neit Joer 2017 eng zolidd Gesondheet an d’Gléck, dat ee brauch, fir do unzekommen, wouhinner ee wollt fueren.