André Bauler

Vu stierwen a liewen, vu Geschicht an Zukunft …

D’Joer 2019 geet op een Enn. E Joer, dat fi r mech perséinlech kee schéint war. Net nëmme well meng Mamm stënterlech gestuerwen ass, mä och well dëst Joer vill aner Mënschen, mat deenen ech am Liewe méi oder manner ze dinn hat an déi estiméiert hunn, eis fi r ëmmer verlooss hunn.

Den Doud hannerléisst e grousse Vide

Mam Doud vu Familljememberen a Frënn stierft och e Stéck vun eis selwer. Et gëtt e Kapitel an eiser eegener Geschicht ofgeschloss. Eng nei Säit gëtt opgeschloen, eng wäiss Säit, déi weider beschriwwe gëtt. D’Liewe geet weider, an dach ass alles anescht wéi virdrunner.

2019 hu mer eis als « De Cliärrwer Kanton » iwwert eis 40järeg Veräinsgeschicht gebéckt. Mir sinn eis bewosst ginn, datt dat, wat eis Grënner a Virgänger geleescht hunn, net alles ëmsoss war. Am Géigendeel : et war, wéi se haut sou séier a Politikerkreesser soen, nohalteg, vu längerer Dauer.

Datt et eis nach ëmmer gëtt, huet e puer Ursaachen. Et ass den Engagement an d’Trei vun eise Memberen, et ass awer och de Merite vun eise Lieser, déi eis Zäitschrëft iwwer Joerzéngten ënnerstëtzt hunn, an et ass d’Kreativitéit an de villsäitegen Interesse vun eisen Auteuren.

Géifen de René Maertz, den Tony Bourg oder de Lex Jacoby aus der Éiwegkeet erëmkommen, géife mer hinne wuel direkt mat Freed eist léifste Kand virstellen, de fonkelneie Lycée am Dall vun der Clierf.

Um Wee an d’21. Joerhonnert

Maertz, Bourg a Jacoby ware Schoulleit a fir si, grad wéi fir eis, huet dës nei Schoul e besonnesche Wäert. Et ass eng wichteg pädagogesch, infrastrukturell, kulturell, jo regional Errongenschaft fir déi mer eis all laang agesat hunn. Dofir sinn ech grad dankbar, datt mir eise 40. Gebuertsdag am Lycée hunn dierfte feieren.

25 Joer sinn et hier, datt ech als jonke Proff voller Begeeschterung zu Wolz Schoul gehalen a ganz vill Schüler aus dem Clierfer Kanton kennegeléiert hunn. Dat ware schéi Joren, déi mer d’Éislek a seng jonk Leit nach méi nobruecht hunn. Déi Jonk aus dem Cliärrwer Kanton hu mech geléiert, datt Zonkestippen eigentlech Piergepéil sinn, datt eng gutt Ham eigentlech eng Éisleker Hamm ass, an datt engt Tschirkelt op Guttlännesch e Schiertech ass – an e Schnicksdouch e Schnappech.

25 Joer sinn et och hier, datt ech mäin éischten Artikel am Kanton publizéiert hunn. Titel: Indianerreservat Ösling? Liicht provokatoresch. Deemools gouf et eben nach keng A7, d’wirtschaftlech Diversifizéierung ass réischt an d’Gäng komm, vun engem Lycée hei zu Clierf goung iwwerhaapt nach net rieds. Dat war beschtefalls een Dram.

40 spannend an erfollegräich Joer

An dofir huet misse gefuerdert ginn. Ech krut den Aval fir den Artikel vum Chefredakter Henri Keup ouni weideres an d’Patty Thielen huet eng pertinent Karikatur mat Indianer, déi Fiederen droen a Feiler schéissen, mat enger Entreeskeess fir an den Norden eran a ville Bëscher gezeechent. Ee Land, zwou Welten? Dat konnt een sech och schonn deemools froen. 40 Joer „De Cliärrwer Kanton“. Dat si 40 spannend Joer gewiescht, mat vill Ofwiesslung a Kreativitéit. 40 Joer Engagement fir besser Liewensbedingungen am Éislek.

40 Joer, dat ass deen Alter, wou een erwuessen an etabléiert ass, wou ee matzen am Liewe steet, Erfarung huet a gläichzäiteg d’Kraaft huet, fir no vir ze zéien. Wee 40 Joer huet, deen huet scho villes erlieft an en huet nach vill viru sech. Dat trëfft och op eise Veräin zou. Villes gouf geleescht a mir fäerten net fir d’Zukunft an d’An ze faassen.

Wéi soten d’Grënner vun eiser Vereenegung ëmmer : wann dat kulturellt Liewe soll floréieren, brauch een eng stabil wirtschaftlech Basis.

De Bléck no vir geriicht

Och haut, 40 Joer no eiser Grënnung an nodeems villes am Kanton geleescht ginn ass, gëtt et eng Partie Erausfuerderungen.

Wéi geet et mat der wirtschaftlecher Diversifizéierung weider? Stéchwuert Kreativwirtschaft an Innovatioun.

Wéi kënne mer nei Matbierger gutt integréieren? Stéchwuert gesellschaftlechen Zesummenhalt a Wunnkultur.

Wéi kënne mer d’Mobilitéit an der Regioun erliichteren a komplettéieren? Stéchwuert neit Zuchmaterial a Sécherheet op der N7.

Wéi kann een den Noutdéngscht verbesseren an dofir suergen, datt am Noutfall séier een Dokter op der Plaz ass? Den Noutdéngscht an den Zerwiss vun denUrgencë bleiwe sécherlech en aktuellt Thema am Norden.

Mir verstinn eis haut als Vereenegung, déi virun allem kulturell schafft – och an Zesummenaarbecht mam „Klenge Maarnicher Festival“ a mat „Islek ouni Grenzen“.

Och an Zukunft wëlle mer Ideeë lancéieren oder opgräifen an Impulser ginn. Dat ass eis Roll. Mir wëllen op kee Fall als Kregéiler oder Besserwësser optrieden, wëllen eis awer engagéieren fir datt eise Kanton eng Stëmm huet, déi iwwer d’Messagen aus de Gemengen an de Syndikater erausgeet.

Fir eis ass et natierlech schéin, datt mer de 40. Gebuertsdag am Lycée hunn dierfte feieren, hu mer dach iwwer fofzeng Joer dofir gekämpft.

E Lycée ass méi wéi eng Schoul. En ass och e kulturellen a gesellschaftlechen Acteur, deen de Profil vun enger Regioun schäerft a si méi attraktiv mécht. De Lycée Steichen grad wéi de Lycée du Nord féieren déi Jonk an d’21. Joerhonnert eran a wäerte sécherlech och a punkto nei Beruffsprofiller fir den Norden Akzenter ze setze wëssen.

Mir sinn all gefuerdert

Dat war et fir 2019. E Joer, an deem dat allgemengt Walrecht hei zu Lëtzebuerg 100 Joer gefeiert huet; e Joer, dat och vu vill Misär, vu sozialen Ongerechtegkeeten an Ëmweltsënnen uechtert d’Welt gepräägt war, denke mer nëmmen un d’Bëschbränn am Amazonas, un déi récksiichtslos Ausbeutung vu Ressourcë queesch duerch d’Welt, un déi politesch Spannungen a verschiddene Staate vum Globus oder och un déi wuessend sozial Diskrepanzen an Europa an heiheem.

Alles dat däerf eis net indifferent loossen. Mir sinn all gefuerdert — net nëmmen Politiker, mee all eenzelne Bierger — fir eis dofir anzesetzen, do wou mer stinn, eppes géint dës Ongläichheeten a Mëssstänn ze ënnerhuelen.

Well vill kleng Schrëtt an Dote kënne Grousses bewierken.