André Bauler

D’Zukunft vun deene Jonken am ländleche Raum

Lëtzebuerg ass aus geografescher Siicht net vill méi grouss wéi eng europäesch Stad mat Ëmgéigend. Bei dëser Gréisst geet et awer net eleng drëm, e groussen Zentrum ze entwéckelen an de Rescht auszeblennen. Mir mussen eist Land nämlech als e Ganzt kucken, wa mer gären hätten, dass et sech och an Zukunft hei gutt liewe léisst. A virun allem musse mer dat traditionellt Zentrumsdenken hannert eis loossen.

All Regioun huet hiren eegene Wäert, hiert eegent Potenzial. Duerfir musse mer an Zukunft méi dezentral plangen. Mir mussen d’Haaptstad entlaaschten an Aktivitéiten och ausserhalb dovunner usidelen, well Dezentraliséierung steet och a grad fir méi Liewensqualitéit.

Wann d‘Leit manner Zäit am Stau verbréngen, dann hunn se méi Zäit fir Famill, fir Kanner, méi Fräizäit. Laang Zäit huet sech eis wirtschaftlech Entwécklung virun allem op d‘Stad an den Zentrum konzentréiert. D‘Problemer, déi domadder verbonne sinn, besonnesch an der Mobilitéit, si scho laang bekannt. Mir kënnen se all Dag erliewen, denke mer nëmmen un déi 250.000 eidel Autossëtzer, déi all Schaffdag an d‘Stad eran- an erausfueren.

D‘Unzéiungskraaft vum Zentrum huet am Éislek an den 1970er an -80er Joren dozou gefouert, dass vill Jonker d‘Regioun hu misse verloossen, fir an a ronderëm d‘Stad schaffen a liewen ze goen. D‘Konsequenz dovunner war e Réckgang vun der Bevëlkerung, wat net dozou bäigedroen huet, dass d‘Nordspëtzt sech weider entwéckele konnt. Och wann deen Trend entre-temps gebremst gouf an d‘Éislek zënter enger Rei Joren erëm en demografeschen Opschwong erlieft, bleift de Sujet awer aktuell.

Wichteg Froen, déi sech haut ënner anerem stellen, sinn zum Beispill déi vun der wirtschaftlecher Diversifikatioun vum Land an um Land, vun engem performanten Noutdéngscht am ländleche Raum an déi vum Iwwerliewe vun de klenge Geschäfter.

Wa mer also haut vun engem Zentralismus an a ronderëm d‘Haaptstad wëlle fortkommen, dann heescht de Maître-mot „Dezentraliséierung“. A mir mussen e Kader fannen, fir d’Teleaarbecht sënnvoll ze notzen. Besonnesch an der Pandemie huet dës un neier Bedeitung gewonnen. Och wann sech den Teletravail net iwwerall ëmsetze léisst, soll ee vu senge Potenzialer, do wou méiglech, profitéieren.

Déi sanitär Kris huet op jidde Fall dozou gefouert, datt eis Uertschaften am Dag nees méi oder manner staark belieft waren. Jonk a manner jonk Leit hate méi Zäit fir hir Kanner oder einfach nëmme fir sech. Dat huet sécherlech hirer „Work-Life-Balance“ genotzt, well se ee bis zwee Deeg an der Woch vun doheem aus schaffe konnten. Ech wëll d’Teleaarbecht beileiwen net glorifizéieren. Ma si huet awer dozou bäigedroen, datt méi Liewen op eisen Dierfer den Dag iwwer war. An et huet souguer erlaabt, datt de lokalen Handel nees méi gefrot war an d’Leit op hir lokal Restaurateuren an der Woch zréckgegraff hunn.

No der Pandemie stellt sech d’Fro vun der Zukunft vum ländleche Raum op en Neits – an engem neie Liicht. A virun allem stellt sech d’Fro vun der Zukunft vun eise jonke Leit op den Dierfer. Erënnere mer drun, datt ëmmer méi Leit an eis Dierfer wunne kommen. Sou huet sech d’Bevëlkerung vum Clierfer Kanton tëscht 1990 an 2020 verduebelt.

Dofir hu mer entscheet fir eis Spezialnummer 2021 ganz an den Déngscht vun der Jugend am Kanton ze stellen. Mir wëllen op eis jonk Matbierger (16-35 J.) duergoen a si froen, firwat si gären an eiser Géigend, an eisem schéinen Éislek, liewen, wunnen an, respektiv oder, schaffe wëllen. Dat ass ee Choix, dee jiddereen op Base vu senger perséinlecher Situatioun hëlt.

Wunnen a liewen an der Nordspëtzt huet och eppes mat Liewensqualitéit ze dinn. Hei uewe kann een nach dacks an der Natur an an hirem Rhythmus liewen. Mir wëllen déi jonk Leit zu Wuert komme loossen an hinnen d’Méiglechkeet ginn, eis wëssen ze loossen, wéi fir si den Alldag an den Engagement an der Famill an/oder an de Veräiner konkret ausgesäit.

Wéi gestalten si hir Fräizäit? Wéi ass et ëm Theme wéi Logement, Teleaarbecht an Aarbechtsplaze bestallt? Wou leien also d’Erausfuerderunge fir déi Jonk vun haut? A firwat net och d’Fro stellen, wat et eigentlech fréier geheescht huet, jonk ze sinn; wuelgemierkt, jonk ze sinn an am Éislek ze liewen.

Léif Lieser, mir wiere frou an dankbar wann der eis är eventuell Artikelen, Interviewen, Analysen, Kommentaren an är Fotoe kéint zoukomme loossen. Dat wier sécherlech eng Beräicherung fir eis Zäitschrëft a fir den Debat an dësem Beräich. Merci am viraus fir äert wäertvollt Matschaffen.

Bleift mer nach just iech e schéinen an erhuelsame Summer 2021 ze wënschen, och a grad an der Hoffnung, datt mer lues a lues aus der akuter, sanitärer Kris, déi eis zanter Mäerz d’lescht Joer an Otem hält, erauskommen.