André Bauler

Faszinéierend Landschaften

Eis Landschafte kann een ënner bestëmmte Perspektive bewonneren. Si charakteriséiere sech duerch hir Strukturen a Faarwen, hir Flora, duerch d’Zesummespill vu Liicht a Schied.

Ënnerschiddlech Elementer maachen eis Landschaften eenzegaarteg: Eis Flëss, Baachen, Dëmpelen, Weieren a Quellen. Awer och eis Buergen, Schlässer, Kierchen, Hief…; kuerz gesot, eis Uertschaften, ob Dierfer oder kleng Stied.

Den Himmel iwwer eise Landschaften ass dacks wéi ee risege Spektakel. D’Liichtspiller an den Ardennen, d’Wolleken an hir divers an zoufälleg Formen, all dat faszinéiert d’Moler, d’Zeechner a besonnesch d‘Fotografen.

D‘Landschaft ass ni d’selwecht, jee no Joreszäit dréit si en anert Kleed, dat si nei erschénge léisst.

Wann een al Fotoe gesäit, da mierkt een, wéi eis Uertschaften sech an all deene Jore weider entwéckelt hunn, zum Gudden an och manner Gudden – denke mer un d‘Zersidlung.

Et sinn awer net nëmme Stroossen, Weeër, Haiser an aner Gebailechkeeten, déi eng Landschaft ausmaachen. Et sinn natierlech och d‘Mënschen an d’Déieren: En Trapp Kéi an engem verschlofenen Dall, Wëld um Ardenner Héichplateau, eng Pressioun, déi duerch d’Felder geet oder e Volleksfest op der grénger Wiss.

Eng Landschaft ass ouni Zweiwel eppes Lieweges, also näischt Statesches, eppes, wat fir ëmmer a Bëtong gegoss wier.

D’Landschaft huet och hir Geschicht. An d’Zeie vun dëser Geschicht sinn net nëmmen al Gemaier, mä och déi eng oder aner Iwwerreschter oder Tracéë vun enger Réimerstrooss, wéi zum Beispill déi, déi laanscht Beesslek a Kirchen verleeft an am 4. Joerhonnert no Christus – vläicht och scho méi fréi – vu Köln op Reims verlaf ass.

Geschicht, dat sinn och remarkabel Plazen, wéi beispillsweis d’Kopp op där d’Clierfer Abtei mat hire rouden Diech trount oder eenzel, ural a majestéitesch Beem, déi eleng an der Gewan stinn an déi iwwer all déi Joerzéngten de Stierm, der Dréchent a munchem Onwieder d’Stier gebueden hunn.

Den 20. Oktober 2000 gouf d’Landschaftskonventioun vum Europarot zu Florenz ugeholl. Lëtzebuerg war eent vun deene Länner, déi dës Konventioun ënnerschriwwen hunn. 2006 huet eist Parlament se ratifizéiert.

Am Mëttelpunkt vun dëser Konventioun, déi op engem sougenannte „ganzheetleche Landschaftsverständnis“ berout, steet besonnesch d’Fleeg an de Schutz vun den europäesche Landschaften. Dëst vëlkerrechtlecht Ofkommes betount virun allem d’Wichtegkeet vun der Landschaft fir de Schutz vun eisem kulturellen an natierleche Patrimoine. Et ënnersträicht souwuel de sozialen Notzen, wéi och den Afloss vun de Landschaften op d’Wuelbefanne vun de Leit, déi an hinne liewen.

Verschidde Géigende vum Éislek si bis haut gréisstendeels onberéiert bliwwen. Dës Onberéiertheet ass d’Viraussetzung fir den duusse Wander- a Kulturtourismus; eng reegelrecht Tromp an der touristescher Vermaartung vun der Regioun. Ech denken och an dësem Zesummenhang un d’Musellandschaften, de Mëllerdall an un d’Unesco-Biosphärreservat, e Reservat, dat am Süde vum Land geplangt ass.

De Landschaftsschutz soll an däerf sécherlech net am Widdersproch zu der wirtschaftlecher Entwécklung stoen, spréch der Diversifizéierung vum ekonomesche Geflecht vun de ländleche Géigenden. Iwwerall do, wou et erfuerdert a sënnvoll ass, solle wirtschaftlech Aktivitéiten am Aklang mat deem iwwer Joerhonnerte vu Mënschenhand geformte Landschaftsbild bruecht ginn.

Rezent Diskussioune weisen, datt d’Bierger an d‘Politiker méi sensibel gi sinn, wann et ëm d’Konservéierung vun hirer Kulturlandschaft geet. Dat ass begréissenswäert, well et ass och d’Attraktivitéit, jo d’Schéinheet vun der Landschaft, déi d’Liewensqualitéit vun enger Regioun ausmécht. D’Landschaft ass wéi eng Visitekaart – si ass e Stéck Identitéit vun enger Géigend.

An deem Sënn soll dës Extranummer vum “De Cliärrwer Kanton” d’Diversitéit vun den Éisleker Kulturlandschaften ervirsträichen. Si soll weisen, wéi ofwiesslungsräich d’Biller kënne sinn, déi eng Landschaft prägen, a wéi d’Mënschen, déi an hir liewen oder gelieft hunn, si mat der Aarbecht vun hiren Hänn an Instrumenter gestalt hunn.

Sou wëlle mer iech dann elo mat op eng Rees huelen an d’Landschafte vum Éislek ënnert engem neie Bléckwénkel betruechten, vläicht och a grad fir se nei z’entdecken.