André Bauler

Fréijoersgefiller?

Mat der Ouschterzäit kënnt och nees d’Fréijoer an eis Géigenden zréck. D’Krukerten hunn sech scho Mëtt Februar um Himmel iwwer dem Éislek gewisen an de Retour vun der schéiner Joreszäit ugekënnegt. An den nächste Woche wäert d’Natur rëm lues a lues erwächen a sech an deene schéinste Faarwe weisen. Et gëtt och héich Zäit, well no deem verreenten Hierscht an deem groe Wanter gammse wuel déi allermeescht Leit op bessert Wieder.

Wann d’Fréijoer eigentlech mat Hoff nung a positive Gefiller verbonnen ass, sou ass dach alles anescht wéi soss. 2024 wäert en entscheedend Joer fir eis alleguer ginn. Déi geopolitesch Verännerungen op eisem Globus loosse kee kal a wäerten eis Zukunft zolitt beaflossen. D’Welt ass méi wéi jee onroueg ginn a vill Mënschen, déi ech an der leschter Zäit begéint hunn, si veronséchert, jo si hunn Angscht virun den Ongewëssheeten a si schuddere sech all Kéier, wa se nees grujeleg Neiegkeeten an de Medien héieren oder liesen.

Och heiheem gi mir mat zeg Erausfuerderunge konfrontéiert, an et huet een dacks d’Gefill, datt munch Entwécklungen eis reegelrecht iwwerrullen. Eis Gesellschaft ännert séier. Wat fréier selbstverständlech war, ass haut net méi sécher.

D’Digitaliséierung an déi kënschtlech Intelligenz werfen e sëlleche Froen op. Sécherlech kënne si hëllefen d’Liewen ze vereinfachen an engem onnéideg Weeër z’erspueren. Si kënnen och zu etleche Fortschrëtter féieren, z.B. am Gesondheetswiesen oder a punkto wierksam Notzung vun Energiequellen.

Leider mierkt een awer, datt d’Erliichterung vun der Kommunikatioun duerch dat Digitaalt och dozou féiert, datt mer ze vill Kommunikatioun hunn. Normal mënschlech Kontakter, wéi mer se fréier gewinnt waren, geroden ënnert d’Rieder. Dacks gesäit ee Leit beienee sëtzen, z.B. am Restaurant, déi soss matenee geschwat hunn, elo awer nach just op den Handy oder d’Tablett stuerken, ouni mateneen ze schwätzen. Déi klassesch Kommunikatioun gëtt op e Minimum reduzéiert.

E gesond gesellschaftlecht Zesummeliewe verlaangt awer, datt een sech net nëmmen digital austauscht, mä och iwwer den „normale“ Wee. Dat stäerkt net just dat soziaalt Liewen an den Zesummenhalt, ma et hëlleft, datt een deen anere besser versteet, duerch Austausch a Récksprooch.

Duerfir ass et sou wichteg, datt et och an Zukunft an eisen Dierfer Plazen a Eventer gëtt, wou Mënschen sech positiv begéine kënnen, sech kenne léieren a sech vläicht och moralesch géigesäiteg stäipen. Et héiert een ëmmer méi, datt eng méi grouss Zuel u Biergerinnen a Bierger psychologesch Hëllef sichen, grad och well se sech eleng gelooss oder net verstan fillen, well se keen hunn, deen hinnen nolauschtert an hir Gefiller ze verstoe versicht. D’Sechelengfillen an eiser Gesellschaft ass e grousse Probleem an dofir ass all Initiativ, déi Leit zesummebréngt, an deem Sënn positiv ze bewäerten. Nieft de Veräiner droen eben och d’Gemengen hei eng besonnesch Verantwortung an e konstruktiivt Engagement an deem Sënn ass nëmmen ze begréissen.

Loosse mer hoffen, datt sech mam Fréijoer och nees positiv Gefiller bei all deenen entwéckelen, déi an der Lescht éischter negativ oder skeptesch agestallt waren. Mir brauchen onbedéngt e konstruktive Geescht an eiser Gesellschaft, deen hëlleft, datt mer de Generatiounen, déi no eis kommen, eng gutt Zukunft virbereeden. An do ass et wichteg, Wäert op e Mateneen ze leeën, op alles, wat verbënnt a wat dozou bäidréit, méi zouversiichtlech no vir ze kucken.

Eis Welt huet et batter néideg.