André Bauler
Mateneen amplaz Niefteneen
D’Immigratioun ass ee vun de groussen Theme vun eiser Zäit. Zanter Jore komme Mënschen aus deenen ënnerschiddlechste Länner a Kontinenter bei eis an Europa an och op Lëtzebuerg wunnen.
Et si virun allem militäresch Konflikter, geopolitesch Verännerungen a Biergerkricher, Honger an Aarmut, déi d’Leit an déi méi räich Länner dreiwen. Lëtzebuerg huet eng laang Traditioun am Accueil vu Flüchtlingen. Mir hu vill Ustrengunge gemaach, fir Mënschen opzehuelen, déi vu Krich bedreet sinn oder well se fäerte mussen, wéinst hirer politescher oder reliéiser Iwwerzeegung hires Liewes net méi sécher ze sinn.
Vill vun hinnen hunn hei zu Lëtzebuerg an och am Clierfer Kanton eng nei Heemecht fonnt. Si hunn sech eng nei Existenz kënnen opbauen an droen haut zu eisem Wuelstand bäi.
Et ass sécherlech net einfach, fir an engem anere Land bei Null unzefänken, d’Äerm ropzestrëppen a mat frëschem Elan en neit Liewen ze starten. Hutt of virun deenen, déi dat fäerdeg bréngen a bruecht hunn, deenen hir Kanner an eise Schoule gutt Leeschtungen erbruecht hunn an déi sech virun allem mat eisem gesellschaftleche Liewe familiariséiert hunn. E grousse Respekt all deenen, déi sech eiser Kultur net verschléissen an zesumme mat eis zu enger besserer a friddlecher Welt wëlle bäidroen. Hutt of, virun enger asiatescher Famill, déi hei uewen am Éislek e sympathesche Restaurant bedreift, ganz äerdeg schaff t a wou d’Patronne bannent kuerzer Zäit eis Sprooch geléiert huet schwätzen. Eng grouss Unerkennung gëllt hinnen, net nëmme fir hire Fläiss an hir kulinaresch Kreativitéit, mä och well se mat eis zesumme liewe wëllen a Lëtzebuerg als hir nei Heemecht ausgewielt hunn.
Eng jonk Fra huet mer kierzlech gesot, datt si als Kand mat hiren Elteren a Geschwëster op Lëtzebuerg geflücht sinn, fir sech am Clierfer Kanton néierzeloossen. Si hate quasi kee Besëtz wéi si ukomm sinn. De Papp huet eng Plaz an engem Commerce fonnt an d’Mamm schafft am soziale Beräich. Nodeems d‘Kanner d’Lëtzebuerger Schoulen ofgeschloss hunn, sinn si op d’Uni studéiere gaangen an hunn hire Master ofgeschloss. D’Elteren hu sech villes vum Mond ofgespuert, fir datt hir Kanner studéiere kënnen an eng besser bezuelten Aarbecht fanne konnten. Haut schaffe si op responsabele Posten an der Stad. Déi jonk Damm sot mer eemol, datt si därmoossen dankbar wier, fir hei am Land ze wunnen an datt si frou wier, an engem Staat ze liewen, deen si schützt an deen hir eng zolidd materiell Existenz séchert. Si an hir Famill fille sech haut, no all deene Joren, als Lëtzebuerger a sinn domat e perfekt Beispill vu gelongener Integratioun.
Et gëtt sécherlech där Beispiller nach vill. Leider gëtt et och déi aner, déi ee konstruktiivt Zesummeliewen erschwéieren, well d’Leit sech léiwer ofkapselen.
Näischt ass awer méi bedauernswäert, wéi ee Laanschteneen amplaz e Mateneen, de sou genannte „Vivre ensemble“. Hei heescht et och bei eis nach Ustrengungen ze maachen; net nëmme vu Säite vun der Politik an de Veräiner, mä vun eis alleguer, jiddereen op senger Plaz.
An dëser Spezialnummer proposéiere mir iech Texter, déi sech mam Sujet vun der Awanderung auserneesetzen, an déi ënnert anerem pertinent Beispiller vun enger gelongener Integratioun opweisen.