Visitt beim Chamberpresident

De President vun eiser Vereenegung hat d’Éier fir dem Chamberpresident Claude Wiseler dëser Deeg eis rezent Spezialnummer iwwer d’Gesondheetsversuergung am Norden ze iwwerreechen, déi am Hierscht verëffentlecht gouf. Fir d’Leit aus der Regioun ass dat e séier wichtegt Uleies.

An dëser Extra-Nummer fënnt een net nëmmen eng Rei parlamentaresch Froen a ministeriell Äntwerten, ma virun allen och intressant Beiträg zum Thema “Fleeg a Gesondheet”, där aktueller an där historescher.