Nordliicht TV op Besuch

Op Fuesméindeg war Nordliicht TV bei eis an der Ëlwener Bibliothéik op Besuch fir mat Interviewen ze maachen iwwer d’Geschicht an de Funktionnement vun der „Bibliothèque Tony Bourg“.
Am November 2020 hätte mer effektiv 20 Joer Bestoe vun der Bibliothéik kënne feieren. Et waren och Konferenze virgesinn. Bis op eng hu se alleguer missen ofgesot ginn, wat natierlech ganz schued war.

D’Pandemie huet eis och forcéiert gehat fir d’Bibliothéik zäitweis zouzemaachen. Mëttlerweil ass se awer nees op an eis Cliente kënnen erëm op Rendez-vous hir Bicher siche kommen.
Trotz der sanitärer Kris huet den Interessi bei de Leit net ofgeholl. Si kommen aus dem ganze Kanton an doriwwer eraus bei eis. Iwwer 5000 Prête gi sou am Joer gemaach, et gutt Zeechen, dat weist, datt Bibliothéik mat hire Kanner-, Jugend-, Sach- a Fachbicher gefrot ass.

Eis Belletristik-Kollektioun ass ganz grouss a gëtt vill beusprocht. Och eis Luxemburgensia-Kollektioun ass gesicht, z.B. wa Leit Nofuerschungen iwwer eis Kultur a Geschicht maachen oder Fotoen nosichen.

E grousse Merci dem Nordliicht TV, besonnesch dem Sammy Pissinger, datt si mat hirem Film eis Bibliothéik mat hiren Zerwisser a sou engem breede Publikum, besonnesch awer Leit, déi an d’Nordspëtzt wunne kommen, méi bekannt maachen.

Link Nordliicht TV: https://www.nordliicht.lu/