André Bauler

« Vu mengem Dueref goung ech hier … »

Migratiounen an der Éisleker Geschicht

Migratioune sinn zanter Mënschegedenken en Thema. Mënsche sinn a Beweegung. Sief et well si eng besser Zukunft op enger anerer Plaz sichen. Oder well si op der Flucht sinn – verdriwwen duerch Krich, klimatesch Verännerungen oder ethnesch Spannungen an hirem Heemechtsland. Anerer liewe gären op méi Plazen, brauchen Ofwiesslung, en intressante kulturelle Raum oder sinn op der Sich no neien Horizonter.

Am 19. Joerhonnert hu vill Lëtzebuerger hier Uertschaft misse verloossen, well den Akerbuedem si net méi erniere konnt. Si sinn an Amerika, a Frankräich oder an aner Länner ausgewandert, wou si sech besser Perspektive fir sech an hir Famill erhoff t hunn.

Etlecher goufen eff ektiv mat neien Opportunitéite belount, anerer goufe vun onéierleche Reesvermëttler ugeschmiert a konnten zu Antwerpen ëmdréien. Si haten Happ a Gutt verluer a waren, no dëser batterer Erfarung, dacks an hiren Dierfer verstouss.

Och haut liewe mir an enger Welt, an där Migratiounen op der Dagesuerdnung stinn. Eis Gesellschaft heiheem ass méi divers ginn. Mënschen aus deenen ënnerschiddlechste Staate liewe bei eis an hunn hei eng nei Existenz opgebaut. Si droen zu eisem Wuelstand bäi.

Och Dosende vu Lëtzebuerger liewen am Ausland. Zum Beispill fréier Studenten, déi aus beruff lechen, perséinlechen oder familiäre Grënn net méi heem komm sinn, wëllen oder kënnen.

An dëser Nummer thematiséiere mir d‘Migratiounen a mir intresséieren eis fir déi Leit, déi aus eise Géigende fortgezunn oder déi bei eis wunne komm sinn. Dat sinn ënnerschiddlech Personnagen, mat hire ganz individuelle Schicksaler an hire verschiddene Liewensetappen.

Loosst iech vun hiren Erzielungen iwwerraschen!