Op Besuch am Haus Tony Bourg zu Wäicherdang

Visite am Kader vun de Journées du patrimoine 2017 ënner dem Thema « Haiser a Leit »

De 7. Oktober hate Sites et Monuments nationaux (SMN) an « De Cliärrwer Kanton » asbl op eng Porte ouverte vum Haus Tony a Lisa Bourg-Schweisthal zu Wäicherdang agelueden.
Gutt 30 intresséiert Visiteuren haten de Wee an dat schéint Éisleker Dierfche fonnt.

De John Voncken vu SMN huet zesumme mat enger Kollegin Erklärungen zur Architektur vun dësem dach aussergewéinleche Bauerenhaff aus dem Joer 1834 ginn. Et handelt sech ëm e sou genannten « Öslinger Hochscheunenhof », deen effektiv eng imposant Scheier huet. Am Haff war Plaz fir verschidden Zorte vu Véi. Am Haus selwer gouf et ënner anerem zwou Kichen, eng Kiermesstuff mat Takeschaf an eng Wäertesstuff.

Uewen am Haus, um éischte Stack, hat de Prof. Bourg nieft de Schlofzëmmer säi Büro a seng grouss Bibliothéik mat herrlecher Aussicht op de markante Kierchtuerm vu Wäicherdang (1728) ageriicht.

Et sief drun erënnert, datt den Tony Bourg a seng Madame 1983 an hirem Haus den haitege japanesche Keeser mat senger Fra empfaangen hunn. De Grand-Duc Jean hat dës Initiativ geholl fir dem Trounfolger aus Japan en Ardenner Bauerenhaff ze weisen.

Iwwer d’Vita vum Prof. Tony Bourg (1912-1991) ass munches geschriwwe ginn. An senger kuerzer Usprooch huet den André Bauler dem Auteur säi Liewen a Wierke versicht ze resüméieren. Den Tony Bourg war net nëmmen e beléiften a kompetenten Enseignant, hee war och ee bekannte Conférencier, Literaturwëssenschaftler, literareschen Analyst a bedeitende Victor Hugo Fuerscher. De Victor Hugo hat sech jo bekanntlech 1871 bei eis am Land opgehal (Veianen) a verschidden Uertschafte bereest.

De Prof. Bourg huet sech virun allem fir déi franséisch Schrëftsteller intresséiert, déi enk Relatioune mat Lëtzebuerg gefleegt hunn oder einfach “de passage” waren, sou z.B. de Jean Racine, den André Gide, de Jules Michelet, de Jules Verne oder de Jean Schlumberger. En huet an ënnerschiddlech Zeitungen an Zäitschrëfte geschriwwen, och an d’Revue vum « De Cliärrwer Kanton » (www.dck.lu). 1979 war hien iwwregens ee vun de Matbegrënner vun eiser kultureller Vereenegung.

No sengem Doud huet den Universitéitsprofesser Frank Wilhelm am Joer 1994 dem Tony Bourg säi Wierk an engem grousse Buch ënner dem Titel “Recherches et Conférences littéraires” zesummegefaasst. An de 90er Jore gouf och e Literaturpräis, deen nom Tony Bourg benannt gouf, vum Centre culturel français a vun der Banque Parisbas an d’Liewe geruff.

Internetsäiten iwwert de Professer Tony Bourg:
Autorenlexikon
Wikipedia
Op eiser Internetsäit