Konferenz iwwert de Victor Hugo

Den 8. Mee huet an der Bibliothéik Tony-Bourg de Professer Frank Wilhelm eng ganz interessant a gutt besichte Konferenz iwwer de Victor Hugo gehal.

De Professer Frank Wilhelm huet Romanistik op de Cours supérieurs an op der Sorbonne studéiert, an hien ass e ganz grousse Kenner vum Victor Hugo.

D’Thema vun der Konferenz waren dem Victor Hugo seng Visitten, wou hien ënner anerem Klierf, Buerschent a Veianen besicht huet. 1871 huet de Victor Hugo, als politesche Flüchtling, wärend zwee an engem hallwe Mount zu Veianen gewunnt.

Mat ville flotten Anekdote wousst de Professer Frank Wilhelm d’Leit fir d’Thema ze begeeschteren.