Nei Raimlechkeete fir den « De Cliärrwer Kanton » zu Housen

Viru kuerzem huet de Buergermeeschter vun der Gemeng Parc Housen, Romain Wester, dem Comité vun der Vereenegung « De Cliärrwer Kanton » (DCK) de Schlëssel vun hirem neie Veräinssall an der fréierer Primärschoul zu Housen iwwerreecht. Dës Raimlechkeeten, déi komplett renovéiert goufen, deelt sech den DCK mat der Geschichts- an Archivkommissioun aus der Gemeng Parc Housen.

All Zäitschrëften, déi den DCK zanter 1979 erausginn huet, sinn elo op dëser Plaz a feierfeste Schief stockéiert. De President André Bauler huet dem Buergermeeschter an dem Gemengerot villmools Merci gesot, datt si den DCK opgeholl hunn an datt esou all Revuen op enger sécherer a propperer Plaz versuergt kënne ginn. Si sinn eng Aart Gediechtnes vum Éislek a sollen deene jéngere Generatiounen erhale bleiwen.

De Romain Wester freet sech iwwer d’Presenz vum DCK a senger Gemeng an huet eng gutt Zesummenaarbecht gewënscht.