« Éislek Plus » ass vum Kulturministère konventionéiert ginn

2016 gouf déi nei asbl Éislek Plus gegrënnt mat dem Zil ze hëllefen, dat musikalescht Liewen an der Nordspëtzt vum Land nach méi ze fërderen.

Zu deem Zweck gouf elo viru kuerzem eng Konventioun mam Kulturministère ofgeschloss, déi vum Staatssekretär Guy Arendt an de Verantwortleche vun der Vereenegung mat hirem President André Bauler ënnerzeechent gouf.

Éislek plus steet fir déi dräi Vereenegungen : « De Cliärrwer Kanton », « Islek ouni Grenzen » an de « Klenge Maarnicher Festival », déi vum Kulturministère ënnerstëtzt ginn, ganz am Sënn vun enger méi diversifizéierter kultureller Offer am ländleche Raum.

Mat dëse Konventioune kréien déi dräi Vereenegunge finanziell Sécherheet an hirem benevole kulturelle Schaffen.

D’Kreativitéit an de gesellschaftlechen Zesummenhalt ginn iwwer dëse Wee an der Nordregioun gefërdert.

Virun allem d’Jugendaarbecht an d’Stagë mat Nowuesstalenter souwéi déi grenziwwerschreidend Approche an d’Zesummenaarbecht mat de Gemengen an anere lokalen Acteure ginn heimat ënnerstëtzt.

Ët heescht och an deem Kontext d’Kooperatioun mat den Nopeschgéigenden, also mat der Äifel, der Provënz Léck an den nei-belschen Uertschaften ze verdéiwen.