Romantescht an historescht Éislek

«Romantescht an historescht Éislek – Landschaften a Baukultur an de Lëtzebuerger Ardennen», sou heescht dat neit Buch vum Deputéierten André Bauler, dat « De Cliärrwer Kanton » (www.dck.lu) dëser Deeg erausginn huet.

Op zweehonnert Säite stellt hien d’Landschaften an d’Baukultur vun de Lëtzebuerger Ardenne vir.

E schéinen Ausfluch a faarwege Biller queesch duerch den Norde vum Land.

«Romantescht an historescht Éislek», vun elo u kritt der dëst Buch an de Librairieën ze kafen.

Fotoen : © André Bauler (Hardcover, 200 Säiten, Texter a véier Sproochen)

Auteuren : © Germaine Goetzinger (fréier Professorin am LN a fréier Direktesch vum nationale Literaturzenter zu Miersch), Carine Weicherding (fréier Schülerin am LN a Prof. am Athénée), Annick Goerens (fréier Presidentin vum Schülercomité vum LN a Journalistin) a Frank Wilhelm (Prof. e.r. op der Uni Lëtzebuerg an Tony Bourg-Fuerscher).